Nationalfeierdag 2020

#NATIONALFEIERDAG
#MERTZIG4ALL

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

D’Festivitéite vum Nationalfeierdag kënnen dëst Joer leider net stattfannen. Och wann déi generell Entwécklung an der Lutte géint de COVID-19 positiv verleeft, si mir alleguer weiderhin verflicht opzepassen an d’Consignë vun der Regierung anzehalen. Mir soen Iech nach eng Kéier Merci fir Äre Respekt, Är Solidaritéit an Hëllef am Interessi vun der Gesondheet an der Sécherheet vun eis alleguerten.
Nationalfeierdag ass den Dag vun all de Mënschen am Grand-Duché, vu jidderengem deen zu Lëtzebuerg wunnt, schafft a lieft. Et ass den Dag fir jiddereen deen sech mat Lëtzebuerg identifizéiert, d’Land a sengem Häerz dréit, egal wéi enger Relioun, Philosophie, Kultur oder Nationalitéit een ugehéiert.
Mir all zesumme sinn een Deel vun der Villsäitegkeet, déi d’Stäerkt vun eiser Gesellschaft ausmécht.

Chères concitoyennes, chers concitoyens,

À tous ceux qui vivent dans notre commune et qui viennent de plus loin. Vous faites partie de notre patrie, ensemble nous formons un pays extraordinaire. Depuis que le Grand-Duché de Luxembourg existe en tant qu’État indépendant, nous avons été un pays multilingue et multiculturel. Notre histoire, notre ADN et notre identité nationale sont celles d’une société ouverte. Le 23 juin 2020, nous célébrons notre Fête nationale et ce jour important suscite une réflexion sur nous-mêmes, et « nous », c’est nous tous. Les Luxembourgeois et les non-Luxembourgeois constituent une unité et une nation fière de l’être.

Op Nationalfeierdag feiere mir zesummen bei eis doheem, zu Mäerzeg, eise Staatschef, deen eis Unitéit, eist Land vertrëtt. Op Groussherzogsgebuertsdag wëlle mir, och am Numm vum Gemengerot, dem Grand-Duc Henri a senger ganzer Famill dofir eise Respekt an eis opriichteg Wënsch ausspriechen.

Vive de Grand-Duc!
Vive eis groussherzoglech Famill!
Vive Lëtzebuerg!

De Schäfferot
Le Collège des Bourgmestre et Échevins

ACMertzig_A4_NF_2020

Aller au contenu principal