Séance #10/2019 du 19.12.2019

Ouverture de la séance à 10h15

Rapport suivant l’ordre du jour de la séance

1. Approbation

a) d’un devis

Dans le cadre de la remise en état annuelle de la voirie rurale, le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres présents le projet élaboré par l’Administration des Services techniques de l’Agriculture (ASTA) prévoyant le réaménagement du chemin au lieu-dit « Viichterlach » à Mertzig dont le devis se chiffre à 139.250€. La procédure du marché public sera engagée par la même administration 

b) de plusieurs conventions

Dans le cadre de la préservation de la nature dont notamment des vergers sur le territoire de la Commune de Mertzig, le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres présents deux conventions conclues le 13 décembre 2019 entre le Syndicat intercommunal pour la Conservation de la Nature (SICONA), la Commune et les propriétaires des terrains respectifs, à savoir M. Pierre Lentz et les époux Christian Engeldinger-Wagener.

2. Enseignement de musique

a) Organisation scolaire 2019/20 rectifiée

En application de la loi modifiée du 28 avril 1998 portant harmonisation de l’enseignement musical dans le secteur communal et de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988, le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres présents l’organisation rectifiée des cours de formation musicale et d’instruments à Mertzig pour l’année scolaire en cours, telle que communiquée par l’établissement d’utilité publique Union Grand-Duc Adolphe (UGDA), la Fédération Nationale de musique du Grand-Duché de Luxembourg.

b) Avenant à la convention initiale

Dans le même contexte, le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres présents l’avenant à la convention conclue entre le Collège échevinal et l’UGDA pour l’organisation des cours de formation musicale et d’instruments dans la Commune de Mertzig, année scolaire 2019/2020,

3. Fixation du prix du bois de chauffage – Exercice 2020

Suite à une proposition du Collège des Bourgmestre et Échevins, le Conseil communal a approuvé à l’unanimité des membres présents le prix pour le bois de chauffage pour l’année 2020, à savoir :

1x corde / hêtre : 115,74 € / corde + 8% TVA = 125 €

1x corde / chêne : 106,48 € / corde + 8% TVA = 115 €

Ces prix sont inchangés par rapport à l’exercice précédent.

4. SICONA – Programme annuel 2020

Le Conseil communal a adopté à l’unanimité des membres présents le programme d’action annuel du Naturschutzsyndikat SICONA qui a été présenté par M. Yves Schaack, M.Sc. Biologie et Attaché à la direction du syndicat. Le programme d’action s’élève à 60.000 € et inclut l’entretien et la création de biotopes, la coopération avec les agriculteurs de la commune, des actions d’information et sensibilisation, des cartographies et plans de gestion ainsi que la protection d’espèces menacées.

5. Modification du règlement-taxe

Suite à une réunion de travail du Conseil communal et après avoir demandé l’avis des associations locales lors de la réunion « entente » qui a eu lieu le 28 novembre 2019, le Conseil communal a revu ses délibérations des séances du 27 avril 2007 et 19 septembre 2012 pour modifier le règlement-taxe concernant la location des biens communaux. A l’unanimité des membres présents, les tarifs de location suivants ont été arrêtés pour être applicable à partir du 1er janvier 2020 :

En cas de location d’une dessalles au « Centre Turelbaach » par une personne individuelle, celle-ci peut également disposer de la grande tente, sous réserve de disponibilité et contre paiement de la taxe prévue.

6. Communications

Le Collège des Bourgmestre et Échevins informe le Conseil sur les projets et dossiers d’actualité ainsi que sur travaux à court et moyen terme.

7. Budget rectifié 2019 et Budget 2020

Le budget rectifié de l’année 2019 et le projet de budget pour l’année 2020 ont été soumis pour discussion et approbation au Conseil communal, sur proposition du Collège des Bourgmestre et Échevins et après une réunion de travail qui a été organisée en date du 12 décembre 2019. Le Conseil communal a approuvé à 6 voix (le Bourgmestre Mike POIRÉ, les Échevins Stefano D’AGOSTINO et Isabelle ELSEN-CONZEMIUS ainsi que les Conseillers Luc WEILER, Mady BORMANN-WEBER, Myriam HOLZEM-HANSEN) contre 1 voix (le Conseiller Amaro GARCIA GONZALEZ) le budget rectifié de l’exercice 2019 qui se présente comme suit:

Dans la cadre du projet de budget pour l’année 2020, le présent rapport reprend quelques extraits du discours du Bourgmestre, étant précisé que seul le discours prononcé fait foi:

„Dir Dammen an dir Hären,

 Am Numm vum Schäfferot soen ech dem Sekretariat, a virun allem dem Aender Schroeder, merci fir d’Dokument wat Dir virleien hutt: de Budget rectifié 2019 an de Projet Budget fir d’Joer 2020 wat eng nächst Etapp ass fir eis gemeinsam Ziler déi nächst Jore vun eisem Mandat ëmzesetzen.

Merci och fir déi konstruktiv Aarbechtssitzung zum Budget vu leschter Woch, wou leider net jidderee konnt deelhuelen aus gesondheetlechen oder berufleche Grënn. Aus de selwechte Grënn kënne mir och haut an der offizieller Sitzung vum Gemengerot leider net komplett sinn.

 No de Walen am Oktober 2017 ass et elo eisen 3. Budget dee mir virleien hunn. Knapp méi wéi 1/3 vum Mandat sinn eriwwer. Et waren 2 Joer intensiv Aarbecht wou mir keng Zäit verluer hu fir eise gemeinsame Programm ëmzesetzen.

D’Laascht vun der Ëmsetzung vun deem Programm läit op de Schëllere vum Schäfferot. Ouni de Gemengerot geet et awer net fir d‘Projeten op de Wee ze schécken wéi se an deeglaangen, heiansdo wochelaangen, méintelaange Prozesser am Schäfferot mat Hëllef vun de professionnelle Partner a vum Gemengepersonal ausgeschafft gi sinn, mat ëmmer deem nämlechten Zil: dee beschtméigleche Projet realiséieren fir d’Allgemengheet, dee beschtméigleche Projet deen d’Gemeng mat sengen Awunner an doriwwer eraus d’Regioun no vir bréngt, dee beschtméigleche Projet deen d’Gemeng net nëmme kuerzfristeg, mee virunn allem mëttel- a laangfristeg fit mécht fir d’Zukunft, fir den Erausfuerderunge vun der Zäit, an och den Uspréch vun enger Gesellschaft déi sech ëmmer weider entwéckelt, gerecht ze ginn.

 Ouni déi professionnell Partner geet et net : d’Gemengesyndikater, déi verschidde Bureauen (Architekten, Ingénieuren, Urbanisten), d’Corps de métiers, d’Handwierker, d’Dengschtleeschter an och déi staatlech Servicer a Verwaltungen déi der Gemeng a senge Servicer zur Säit stinn.

 Ouni engagéiert a motivéiert Personal geet et och net. Mir am Schäfferot hoffen dass de Gemengerot sech bewosst ass wat fir eng Chance d’Gemeng Mäerzeg hat an huet beim Rekrutement vun de Postes-clé am Sekretariat an am Service technique, ouni de Receveur ze vergiessen, an ouni d’Mataarbechter ronderëm ze vergiessen déi et enger klenger Gemeng wéi Mäerzeg erlaben ze funktionnéieren, am Dingscht vu sengen Awunner.

A mir sinn net färdeg. Et kommen déi nächst Méint weider Changementer op d’Gemeng zou, virunn allem an der Régie, déi eis erlabe sollen d’Gemeng mat all senge Servicer ze optimiséieren. Dat geet net vum selwen, do brauch een nieft dem politesche Wëllen och engagéiert a motivéiert Personal wat dës Prozesser an Entwécklunge begleet.

 Merci dofir un all d‘Gemengeservicer vun dëser Plaz aus, am Numm vum Schäfferot, an (hoffentlech) och vum Gemengerot. Wann Dir averstan sidd, gi mir de Merci virun. [Approbatioun vum Gemengerot] (…)

 D’Joer 2019, wat elo op een Enn geet, war een aarbechtsintensivt Joer fir eis alleguer. Den éischte groussen Infrastrukturprojet, d’inklusiv Renovatioun mat engem behënnertegerechten Zougang zum Gemengenhaus, ass op de Schinnen. Nom Vote vum Devis den 1. Februar 2019 sinn ëffentlech Ausschreiwunge preparéiert ginn, d’Soumissioun huet stattfonnt an d’Aarbechte kënnen elo Ufank 2020 ugoen. D’Gemeng ass dëse Mount geplënnert an dëse Container wou mir grad sëtzen bis viraussiichtlech d’Rentrée 2021 wann alles no Plang leeft. Am Budget 2020 gesi mir 3,5 Mio € fir dëse grousse Projet vir, deen awer méi wéi noutwendeg war a wou mir kee Moment gezéckt hunn en duerchzezéien. Ee Subsid vu 640.000 € krut d’Gemeng vum Inneministère provisoresch zougesot. Aner méiglech Subside ginn ugefrot, notamment beim Familljeministère am Kader vun der inklusiver Renovatioun am Sënn vum „Design for all“ Konzept. Do ass de « Projet de loi n° 7346 portant sur l’accessibilité à tous de lieux ouverts au public, des voies publiques et des bâtiments d’habitation collectifs » aktuell nach an der Prozedur. Déi zoustänneg Chamberkommissioun hëlt awer am Prinzip muer Amendementer un nodeems Ufank 2019 de Staatsrot wéi och am Laf vum Joer d’Beruffskummeren a verschidden Organisatioun hiren Avis ofginn hunn, wou d’Amendementer elo gréisstendeels Rechnung droen. De Projet kritt also elo e Fortgang a misst 2020 vun der Chamber kënne gestëmmt ginn.

 Dës provisoresch Struktur wou mir grad sëtzen, kascht d’Gemeng e järleche Loyer vun 250.000 €. Idem fir den anere Container wou de Cycle 1 dran ass dee mir gezwonge waren opzeriichten fir dass d’Schoulrentrée 2018 konnt stattfanne mat genuch Klassesäll! Ech wëll dat just nach eng Kéier rappeléieren.

 En Infrastrukturprojet laanscht deen d’Gemeng net komm ass, aus de bekannte Grënn (Konformitéit, gesondheetsschiedleche Granulat) war 2019 d’Renovatioun vum synthetesche Fussballsterrain. Dëse Projet ass a Rekordzäit realisiéiert ginn, nom Vote am Gemengerot den 22. Mäerz 2019, der Ausschreiwung, dem Zouschlag, dem Ufank vun den Aarbechten Ufank Juni an d’Fäerdegstellung de 17. September 2019. D’Aweiung huet d’Gemeng zesumme mam Fussballsveräin virun 3 Wochen organiséiert. Déi ronn 500 aktiv Memberen vum Veräin soen der Gemeng Merci. Dobäi huet d’Gemeng just seng Pflicht erfëllt. Am Budget rectifié 2019 hu mir 1.270.000 € stoen, fir 2020 0 €, de Subsid vum Sportsministère beleeft sech op 311.000 €. Déi ganz Sportinfrastruktur hu mir mat dësem Projet op d’mannst nees a Stand gesat fir minimum dat nächst Jorzingt.

 Déi gréissten Eerausfuerderung an déi absolut Prioritéit ass a bleift awer d’Vergréisserung an d’Moderniséierung vum Schoulkomplex mat der Maison Relais an och der Sportshal déi an engem schlechten Zoustand ass.

 Erlaabt mir dass ech kuerz widderhuelen dass déi 1. Etapp an deem Prozess d’Opbauen an d’nees Vertraueschafen tëscht den Acteure war. Dës Strukture stinn erëm a mir schaffe gutt mateneen: de Schoulcomité ass am Abrëll 2019 zréckgewielt ginn, d’Schoulkommissioun funktionnéiert an d’Elterevertriedung engagéiert sech konstruktiv. Mir widderhuelen dass dës Strukturen d’Grondviraussetzung waren a sinn fir déi infrastrukturell Problemer ze léisen. Mir wollten nimools eng nei Schoul an alles wat dozougehéiert vun „uewen erof“ plangen. Et soll „zesummen“ ausgeschafft ginn, mat all den Acteuren.

 Déi aner Etapp war och d’Kafe vun engem Terrain fir een Ausbau iwwerhaapt mol ze erméiglechen: déi lescht 200.000 € am Kader vun där Acquisitioun stinn am Budget 2020. Am PAG musse mir natierlech och alles virgesinn fir de Projet réischt méiglech ze maachen. Do wësst Dir dass mir de 9. Januar 2020 eng Aarbechtssitzung hunn.

 Wat hu mir eis virgeholl? Ech zitéiren aus der Schäfferotserklärung: „Mir setzen eis an fir kannergerecht schoulech Infrastrukturen déi mir zesumme mam Schoulpersonal an all de betraffenen Acteuren iwwerdenken fir e méi motivéirend, gesond an altersgerecht Ëmfeld ze bidden. An dëser Optik wëlle mir bei Renovatiouns- oder Neibauprojeten d’Qualitéit an d’Funktionalitéit vun den Infrastrukturen, banne wéi baussen, konsequent verbesseren.“ Fir dat hinzekréien hu mir d’Firma „Lernlandschaft“ engagéiert. Viru genau engem Joer, am Dezember 2018, hunn d’Workshops mat de Schoulpartner an den Architekten do ugefaang. No ville Méint Austausch sinn d’Iddien an d’Virstellunge vun der neier Mäerzeger Schoul a Maison Relais an engem „Raumfunktionsbuch“ festgehal ginn wat virum Summer färdeg gestallt ginn ass. Dëst Buch ass dann och d’Basis fir den Architektebureau fir un de Pläng ze schaffen. Vu Woch zu Woch komme mir elo do virun, heiansdo a klenge Schrëtt, mat Déiften an Héichten, mat kontroversen Diskussiounen, mee ouni d’Zil aus den Aen ze verléieren: fir der Gemeng Mäerzeg déi Schoul- a Betreiungsstrukturen, wéi och eng Sportshal ze plangen no engem Schema, Masterplang oder Gesamtkonzept dee Kapp a Fouss huet, wou d’Iddien a Virstellunge Realitéit ginn, mat der Hëllef vun engem engagéierte Schoulpartner deen un de Projet gleeft.

 Dat brauch Zäit. De Schäfferot, wéi de Gemengerot mussen awer och un de Projet gleewen. Mir wëllen net just flécken oder eng Stéckaarbecht maachen, mee mir hätte gär dass dat ganzt Konzept vu vir bis hannen opgeet.

 Et ass wuel e Mammutprojet! Dat ass och de Grond firwat dat méi Zäit an Usproch hëlt, Zäit déi awer noutwenneg ass well et sech em dee gréissten, usprochsvollsten, leider och finanziell am opwendegste Projet handelt deen d’Gemeng Mäerzeg déi nächst Joren ze realiséieren huet.

 Am Budget 2020 sti fir dëse Schoulprojet just 100.000.- € well mir nach d’ganz Joer brauchen fir och mat Eech drun ze feilen, virun allem och fir de finanziellen Impakt ze analyséieren iwwert déi nächst Joren. Et geet virun allem drëm déi eenzel Etappe vum Projet ze definéieren op enger realistescher Zäitschinn, an de Prioritéite no.

 Mir därfen awer net fäerten. Ouni Courage, oder mat Angscht komme mir net virun. Déi national Wirtschaft dréint, och wann d’Wuesstumsprognosen a Bezuch op de PIB sécher net éiweg no uewe weise kënnen. Eppes schéngt awer evident: wa mir haut net investéieren, wéini dann? Eisen Tutelle’s-Minister encouragéiert d’Gemengen an der Circulaire fir fir d’Opstelle vum Budget 2020 ze investéieren.

 D’Gemengefinanzreform weist seng Wierkung: um Niveau vun der Gewerbesteier, dem Impôt commercial, kommen d’Gemengen an de Genoss vun enger Hausse vun 18% fir de Budget 2019 rectifié, an 17,30% fir de Budget 2020. En änleche Zzenario besteet bei den net affektéierte Ressourcen an dem „Fonds de dotation globale“ vun de Gemengen dee fir de Budget rectifié 2019 eng Hausse vun 8,30% opweist, a fir 2020 souguer 13,80%. Fir d’Gemeng Mäerzeg bedeit dat eng Hausse vu ronn 6,3 op 6,9 Mio € am Rectifié, a fir 2020, 7,2 Mio €.

 Mir plange virun a gesi fir d’1. Trimester 2020 Aarbechtssitzungen tëscht Gemengerot, Schoulpartner an Architektebureau vir, souwäit dat zäitlech fir Eech méiglech ass. Zil soll sinn bis Mëtt vum Joer, spéitstens, de Masterplang stoen ze hunn, an ze stëmmen. Ab deem Moment hätte mir dann eng gewësse Planungssécherheet a wéisste wouhin et geet. (…)

 Fir d’Ausgabe vun 2020 ze stäipen ass e weideren Emprunt vun 2 Millioune virgesinn. Et ass awer gutt méiglech dass dësen Emprunt net muss gezu ginn. Dat wësse mir am leschten Trimester vum Joer.

 Natierlech vergiesse mir net aner batter noutwendeg Infrastrukturaarbechten, do z.B. am Stroosseréseau. Mir proposéieren d’Rue de l’école nei ze maachen a gesinn dofir 2020 750.000 € vir. D’Pläng an den Devis ginn aktuell iwwerschafft vum Bureau d’études a missten eis Ufank 2020 virleien. Den Timing gëllt et festzeleeën, wëssent dass Aarbechten am Kader vum PAP an der Rue de l’école kéinten ufänken, wéi och um net bewunnten Haff wou de Schäfferot mam Proprietär an dem Service desSites et monuments nationaux un engem Projet schafft.

 D’Devise bei all de Projeten bleift déi selwecht wéi an der Schäfferotserklärung festgehal: d’ëffentlech Gelder wëlle mir optimal notzen fir mat manner méi ze maachen! Dat verlaangt vill hannerfroen, vill driwwer schlofen, vill Concertatioun, en éierlechen Austausch, eng responsabel Gestioun, a vill Engagement am Kader vun eisem Mandat wou mir fir d’Allgemengheet däerfe schaffen, wat eng ganz nobel an honorabel Aufgab ass. Denkt w.e.g. ëmmer un d’Saach em déi et geet.

 De Schäfferot ass do non-stop am gaang drun ze schaffen, mat vill Freed an Ausdauer, an Zesummenaarbecht mat enger formidabler Equipe am Gemengesekretariat, am Service technique an an der Régie, ouni d’Partner vun der Gemeng ze vergiessen déi ugangs schon opgezielt goufen.

 Aner ordinär Depense betreffen de Projet „Sécher Spillplazen“ deen 2020 ëmgesat soll ginn (18.000 €), den Entretien vum Terrain (50.000 €), d‘UGDA-Musiksschoul (148.000 €). Extraordinär Depense si virgesi fir d’Erneierung vum Elektreschen am Paschtoueschhaus (20.000 €) wat jo un e Kiné- an Osthéo-Cabinet verlount ass; den Dag vun der aler Schoul ass net méi dicht a muss gefléckt ginn (10.000 €); eenzel Feldweeër musse gefléckt ginn (140.000 €); déi nei Kläranlag mat de Gemenge Feelen a Groussbus kann 2020 definitiv a Betrib geholl ginn (350.000 €); de kommunale Park ass net am optimale Zoustand (10.000 €); eis Regie brauch dat néidegt Schaffgeschir a Gefierer (300.000 €) (…)

 „Eng Gemeng fir jiddereen“. Dat ass de Leitmotiv fir eis all fir dat mir eis sollen asetzen, am korrekten Dialog, an am respektvolle Mateneen.

Wann de Gemengerot gewëllt ass op dee Wee ze goen, dann ass de nächste Schrëtt d’Approuvéiere vun dësem Projet Budget fir 2020 wou d’Wäiche gestallt ginn fir weider véier intensiv Joren Investitiounspolitik fir d’Mäerzeger Leit, vu kleng bis grouss, vu jonk bis manner jonk.“ (…) 

Ainsi, les principaux investissements pour l’année 2020 s’élèvent à XXX millions d’euros. Le détail se présente comme suit :

Après débat et discussion, le Conseil communal a approuvé à 6 voix (le Bourgmestre Mike POIRÉ, les Échevins Stefano D’AGOSTINO et Isabelle ELSEN-CONZEMIUS ainsi que les Conseillers Luc WEILER, Mady BORMANN-WEBER, Myriam HOLZEM-HANSEN) contre 1 voix (le Conseiller Amaro GARCIA GONZALEZ) le budget pour l’année 2020 qui se présente comme suit :

Clôture de la séance à 13h30

Aller au contenu principal