21.01.2020 – Biergerinformatiouns-Versammlung am Kader vum neie PAG

D’Gemeng Mäerzeg ass verflicht nom ëmgeännerten kommunale Planungsgesetz vun 2004 ee neie Flächennotzungsplang (PAG) opzestellen. Am Virfeld zu dësem wichtegen Instrument  gouf och schonn ee Gemengenentwécklungsplang (PDC) als Basis dofir opgestallt.

Fir d’Biergerinnen an d’Bierger iwwer dëse Sujet ze informéieren, luede mir Iech op eng Informatiounsversammlung an:

 Protektioun vum erhalenswäerte Patrimoine an der Gemeng Mäerzeg am Kader vum neie PAG“

 Dënschdes, den 21. Januar 2020 um 19.00 Auer am Centre Turelbaach

An dëser Versammlung wäerte Vertrieder vun der Gemeng a vum Service des sites et monuments nationaux (SSMN) Iech doriwwer informéieren,

  • wéi eng Gebaier op Grond vu wéi enge Kritären erhalenswäert sinn;
  • wéi eng Virdeeler an Oploen fir d’Proprietären enstoe kënnen wann esou ee Gebai restauréiert, renovéiert, ëmgebaut oder ëmgenotzt soll ginn.

Niewent engem detailléierte Virtrag iwwert déi historesch an architektonesch wäertvoll Bausubstanz, wäert den SSMN Iech och eng Rëtsch vu gudde Beispiller weisen, wéi Dir an Zukunft un eisem gebaute Patrimoine schaffe kënnt. Doriwwer eraus kritt Dir och d’Méiglechkeet Är Froen zu dësem Thema ze stellen.

De Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Mäerzeg, de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, den SSMN an den Urbanismusbüro CO3 freeën sech iwwert Är Participatioun.

#PAG #PDC #mertzig4all

Aller au contenu principal