20/11/2019 – Workshop – GWÖ

No der GWÖ-Theorie mam Christian Felber am Juni kënnt elo d’Praxis.

De Workshop dréint sech ëm folgend Froen:

  • Wéi verleeft d’GWÖ-Bilanzéierung?
  • Wat bedeiten d’GWÖ-Wäerter (z.B. Mënschewierd, Solidaritéit) konkret?
  • Wat bréngt d’GWÖ-Bilanzéierung der Gemeng a mir selwer?

Um Enn vum Workshop solle sech Teams fannen, déi de Gemeinwohl-Bäitrag vun der Gemeng Mäerzeg aus Mataarbechter- a Biergersiicht a weidere Workshops am 1. Trimester 2020 bewäerten.
An Zesummenaarbecht mam GWÖ-Beroder Gregor Waltersdorfer invitéiert Iech d’Gemeng Mäerzeg ganz häerzlech op dëse WORKSHOP de

Mëttwoch, 20. November 2019 vun 19h00 – 21h00

am Gemengenhaus

De Workshop fënnt op Lëtzebuergesch an Däitsch statt.

Mir bieden Iech w.e.g. eng kuerz Mail op mertzig4all@mertzig.lu ze schécken oder unzeruffen um 838244-1 fir Iech unzemellen.

Document / Flyer

20191120_GWO_Workshop
Aller au contenu principal