Message de condoléances suite à la disparition de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean

Message de condoléances du Collège des Bourgmestre et Échevins de la Commune de Mertzig, suite à la disparition de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean.

 +++ Au revoir, Monseigneur +++

Mat dëser Foto aus dem Buch „Mertzig 2000“, wou d’Feierlechkeeten ënnert dem „Haut-Protectorat“ vum Grand-Duc Jean stoungen, gedenke mir mat groussem Respekt eisem fréiere Staatschef.

De Grand-Duc Jean war, ass a bleift e Symbol vun eisem Land, vun eiser gemeinsamer Geschicht. De Grand-Duc Jean huet matgekämpft fir eis Fräiheet, eis Onofhängegkeet a fir d’Unitéit vum Grand-Duché a mir wäerten ëmmer dankbar sinn an eisen héije Respekt hu fir dësen Engagement.

Am Numm vun alle Mäerzeger drécke mir der groussherzoglecher Famill eis déifsten Matgefill aus a wënschen hinne vill Courage an dëser schwéierer Zäit.

Mike Poiré, Buergermeeschter
Stefano D’Agostino, Schäffen
Isabelle Elsen-Conzemius, Schäffen

Aller au contenu principal