12.03.2020 – PAG – Réunion d’information

De 27. Februar 2020 huet de Gemengerot d’Prozedur lancéiert fir de neie Bebauungsplang (PAG) unzehuelen. Doduerch gëtt de Kader gesat, wéi d’Gemeng Mäerzeg sech an deene nächste Joren entwéckele kann.

Fir d’Biergerinnen an d’Bierger iwwer dëse Sujet z’informéieren, a wéi d’Gesetzgebung dat virgesäit, invitéiert de Schäfferot Iech op eng Informatiounsversammlung:

donneschdes, den 12. Mäerz 2020 um 19h00

am Centre culturel « Turelbaach »

De Schäfferot, de Service technique an d‘Urbanismusbüroen „CO3“ an „Zeyen & Baumann“ stinn deen Owend fir Explikatiounen zur Verfügung.

Aller au contenu principal